Remarque

Ce format d’histoire multimédia utilise du contenu audio et vidéo. Veuillez vérifier que vos haut-parleurs sont allumés.

Utilisez la roulette de la souris ou les touches de direction de votre clavier pour parcourir les pages.

Balayer pour parcourir les pages.

Démarrer

Queesch duerch Europa : Portugal

Logo https://100komma7.pageflow.io/lisabon

Queesch duerch Europa : Portugal

0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. Mat enger Croissance iwwer der EU-Moyenne, engem Chômagetaux dee staark fält, an engem Boom am Tourismus. Dat südeuropäescht Land schéngt sech vun den Nowéie vun der europäescher Finanzkris ze erhuelen. Mee d’Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert. Dat weist eise Reportage zu Lissabon, am Virfeld vun den Europawahle vum 26. Mee.

Maxi Pesch

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Den 1. Mee gëtt zu Lissabon manifestéiert. D’Tanja, eng 37 Joer jonk engagéiert Doktesch, demonstréiert fir eng besser Liewensqualitéit. Fir net musse fortzegoen. Fir strukturell Verbesserungen. Méi wéi ee vu fënnef Portugisen hunn e Kuerzzäitkontrakt (CDD). De Mindestloun leit bei 600 Euro.

"Et ass schwéier hei. Fir déi Jonk, an déi jonk Erwuessen. Wat si fillen ass, datt et schwéier ass hei en eegent Liewen unzefänken, onofhängeg ze sinn an eng Famill ze grënnen"
 

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
2008 an 2016 ass iwwer véier Prozent vun der aktiver Populatioun ausgewandert. Den Ament wunne ronn 2,3 Millioune Portugisen am Ausland. Portugal ass dat Land mam zweethéchste Pourcentage un Emigratioun an der EU. D'Heidi Martins wunnt haut zu Lëtzebuerg.

"No mengem Soziologiestudium hunn ech als éischt a verschiddene Beräicher geschafft. Ech war Sekretärin bei engem Affekot, Assistentin vun enger Ressource Humaine an duerno hunn ech an engem "Call Centre" geschafft. Während dräi Joer. Dat ass eng laang Zäit an engem Call Centre"  

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Am südeuropäesche Land gëtt et keng Diversifikatioun. Mat 8,1% Wuesstum am Tourismus war Portugal d’lescht Joer op der éischter Plaz an der EU. Den Tourismus mécht 20% vum Wirtschaftswuesstum aus.

"D’Zuel vun den Touristen ass esou grouss, datt een net méi kann normal op der Strooss goen. Den Tram, deen eigentlech en ëffentlechen Transport soll sinn, ass voller Touristen. Et ass schwéier esou hei ze liewen"

Ouvrir audio

Accéder à la première page
"Hei gi ganz Gebaier just als Airbnb genotzt. An heiansdo ass et schwéier, well d’Leit kommen an der Nuecht un, maache Party. Op Airbnb verkafe Si dann dat Bild vun enger authentescher Wunneng an engem Quartier wous de mat der lokaler Populatioun zesumme liefs. Mee hei ginn et keng Lokal Leit méi an en typesche Portugiseschen Appartement ass IKEA"

Fabiana Pavel -
Morar in Lisboa


Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Niewent dem Tourismus sinn déi imposéiert EU-Mesuren no der Kris 2011 weider Grënn fir d’Hausse vun den Immobiliëpräisser an de Spekulatiounen. Haut si 94% vun den Investisseuren Auslänner, erkläert den António Brito Guterres, Chercheur op der Uni zu Lissabon.

"2011 gouf de Wunnengsmaart total liberaliséiert. D'Locatairen hunn hir Rechter verluer. D'Regierung huet Mesurë geholl fir auslännesch Investisseuren unzezéien. zum Beispill de Visa-Gold" 

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
"En normale Kontrakt gouf no 2011 op ee Joer limitéiert. E prekäre Kontrakt. De Proprietär brauch seng Locatairë just ee Mount virdrun ze warnen, datt si mussen d’Haus verloossen, oder datt de Loyer soss vill eropgesat gëtt. D’Leit froen ëmmer: Krus du schonn de "Bréif". De "Bréif" ass de Bréif vum Proprietär, deen dech well erausgeheien"

Tiago Saraiva - Architekt

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Fir d’Locatairen aus de Gebaier ze kréie ginn dacks dubiéis Mesuren ugewannt, mengt de Journalist Nuno Ramos de Almeida.

"Et gëtt een interessanten Documentaire dee weist, datt kriminell Akte gemaach gi fir d'Leit erauszegeheien. Feier an Appartementer, physesch Ugrëff, Mobbing"

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
D'Politiker niéieren d'Problematik net. D'Schrëtt géifen net duer goen, seet d'Paula Correia, sozialistesch Gemengeréitin fir de Logement zu Lissabon.

"Mir hu verschidde Gesetzer geännert, déi zum Beispill eeler Leit méi schützen. Mee dat geet net duer. Mir schaffen un engem Programm mat ëffentleche Suen. D’Léisung ass fir mech, méi ëffentlechen Investissementer an Unitéite fir de Wunnengsmaart nees ze reguléieren"

Ouvrir audio

Accéder à la première page
0:00
/
0:00
Démarrer Audio maintenant
Portugal misst déi gutt Zäiten elo notze fir Reformen ze maachen, déi de Wuelstand vum Land nohalteg sécheren. Esou ähnlech huet d'Christine Lagarde, Cheffin vum internationale Wärungsfong et rezent ausgedréckt. E Message u Bréissel an un déi lokal Politik, virun de portugisesche Parlamentswahlen am Oktober an den Europawahlen Enn Mee?

Ouvrir audio

Accéder à la première page
Faire défiler pour continuer Glissez pour continuer
Balayer pour continuer